De Grupp LGS St. Martin Jonglënster

De Grupp Saint Martin vu Jonglënster (Lënster Scouten) gehéiert zum Verband vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ (LGS). D’LGS ass e Jugendmouvement, deen fir jiddereen op ass. Mat ongeféier 5.000 Membere sinn d’LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

Adventure

De Schwéierpunkt vun den LGS läit am Beräich vun den Adventure- an Outdooraktivitéiten. Mir probéieren de Jonken eng Ofwiesslung zum Alldag ze bidden an hieren Entdeckergeescht unzereegen. Do maache mir esou vill wéi méiglech Gruppenaktivitéiten dobaussen.

Kreativ, innovativ, ofwiesslungsräich

Duerch eis ofwiesslungsräich Aktivitéite gi mir de Jonken e Raum fir Saachen auszeprobéieren an z’erfuerschen. Nom Prinzip vum „Learning by Doing“ kréien déi Jonk d’Méiglechkeet sech kreativ a selbstänneg un der Gestaltung vun hierem Programm ze bedeelegen.

 

Eis Branchen

Iwwerzeegt?

Oder hues de nach Froen?

Adress

Dir fannt eis am Home Baltes zu Jonglënster

17, rue du Village

L-6140 Junglinster